
Mat zwee Spréng op 140 an 134,5 Meter a mat enger Gesamtpunktzuel vun 277,6 Punkten ka sech de Stefan Kraft duerchsetze. Op d’Plaz zwee kënnt de Schwäizer Killian Peier (254,6 Punkten). De Japaner an Dominator vu leschter Saison, Ryoyu Kobayashi, louch nom 1. Duerchgang nach a Féierung mee ass mat engem Sprong am zweeten Duerchgang op nëmmen 113 Meter nach op déi 3. Plaz zeréck gefall.