
RTL-Informatiounen no huet de Stefano Bensi mat Membere vu sengem Staff e Méindeg beim Veräin vum Gaalgebierg demissionéiert. D‘Fola hat e Sonndeg 0:4 géint Munneref doheem verluer an huet no 9 Spilldeeg eréischt 3 Punkten um Kont. Een Nofollger vum Bensi steet bis ewell nach net fest.