Schi-Alpin-Weltcup zu AreSuccès vum Vlhová mécht Course ëm de Gesamtweltcup nees spannend

RTL Lëtzebuerg
Mat enger klorer Victoire beim virleschte Weltcup-Riseslalom huet d'Petra Vlhová nees all Chance am Kampf ëm de Gesamtweltcup.
© AFP

E Freideg huet d’Slowakin beim Riseslalom zu Are a Schweden an deenen zwee Leef eng staark Leeschtung gewisen a mat engem grousse Virsprong gewonnen. 1,24 Sekonne Virsprong hat d’Petra Vlhová um Enn op d’Italienerin Marta Bassino. Drëtt ass d’Mikaela Shiffrin aus den USA ginn (+1,70 Sekonnen).

D’Shiffrin konnt sech am 2. Laf nach vun der sechster Plaz no vir kämpfen. Esou huet hie Géignerin Vlhová am Gesamtweltcup “nëmme” 40 Punkten op d’US-Amerikanerin guttgemaach. Tëscht béiden Athletinne leie 77 Punkten.

Back to Top
CIM LOGO