FuttballSwift Hesper rekrutéiert éisträicheschen Nationalspiller Raphael Holzhauser

RTL Lëtzebuerg
D'Veräiner aus der ieweschter Divisioun am Lëtzebuerger Futtball rëschten iwwert de Wanter nawell op.

Um Dënschdeg huet de Swift Hesper mam Raphael Holzhauser seng nei Recrue presentéiert. Den 30 Joer alen Éisträicher huet bis elo an der héchster Divisioun an der Belsch bei Leuven gespillt.

Virdru war den offensive Mëttelfeldspiller ënnert anerem beim VFB Stuttgart, Grasshoppers Zürich an Austria Wien. Den Holzhauser huet och 2 Lännermatcher mat Éisträich op sengem Compte stoen. De Champion Hesper steet no 15 Spilldeeg op der drëtter Plaz an der Tabell, 5 Punkten hannert dem Leader FC Déifferdeng 03.

Back to Top
CIM LOGO