
Sou wéi de Sport-Magazin Moien-Mental als éischt gemellt huet, an dat och mat eisen Informatiounen iwwertenee stëmme géif, hätt am Futtball de Swift Hesper sech vu sengem Trainer Carlos Fangueiro getrennt.
E Sonndeg huet de Champion an der Spëtzepartie 0:1 beim F91 Diddeleng verluer. Fir de Club vum Holleschbierg, mam Mäzen Flavio Becca, war et um 12. Spilldag schonn déi drëtt Defaite vun der Saison.
De Swift huet als Drëtte 5 Punkte Retard op de Leader FC Déifferdeng 03. Bis dato huet de Club awer nach keng offiziell Confirmatioun vun der Trennung erausginn.