Basket EuroCupT71 Diddeleng verléiert knapp géint Fribourg

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend hunn d'Damme vum T71 Diddeleng hire fënnefte Match am EuroCup am Basket gespillt.
© Roland Miny (Archiv)

D’Spillerinne vum Trainer Jérôme Altmann waren op Besuch zu Fribourg an haten do och direkt e richteg gudde Start erwëscht. Nom éischte Véierel hate si beim Stand vun 22:11 schonns duebel esou vill Punkte markéiert wéi hir Géignerinnen aus der Schwäiz.

An der Suite ass d’Lokalekipp awer ëmmer méi staark ginn a konnt den Ecart ëmmer weider verklengeren. No gutt 6 Minutten am drëtte Véierel konnt d’Ekipp vu Fribourg beim Stand vun 49:48 dunn och nees d’Féierung iwwerhuelen. Den T71 konnt deen Ament awer zäitweis nees gutt dogéinthalen, um Enn hu sech d’Dammen aus der Forge du Sud dunn nawell mat 74:80 misse geschloe ginn a verléieren domat och den zweete Match géint Fribourg ganz knapp.

Back to Top
CIM LOGO