
Vun Ufank u waren et zwee Athleten, déi dominéiert hunn. Den Italiener Gianmarco Tamberi an de Mutaz Essa Barshim aus dem Katar hu bis 2,37 all Héicht am éischten Essai iwwersprongen an esou war gewosst, dass et sech tëscht deenen zwee Athlete géing decidéieren, wie Gold gewënnt.
Ma kee vu béiden Athleten huet et gepackt, fir iwwer 2,39 ze sprangen, well si awer déi eenzeg zwee waren, déi 2,37 am éischte Versuch gepackt hunn, gewanne si allebéid Gold.
Bronze geet un de Maksim Nedasekau aus Belarus.
