
Houston Texans - Kansas City Chiefs 31:24
De Patrick Mahomes huet mat den Chiefs net nëmmen den zweete Match hannertenee verluer, ma hien huet e Sonndeg och seng éischt Interception vun der Saison geheit. Seng 273 Passing Yards an 3 Touchdown-Päss sollten um Enn net duergoen, fir de Match ze gewannen. Dat virun allem, well bei de Houston Texans d’Lafspill excellent funktionéiert huet. De Quarterback Deshaun Watson koum op 2 Rushing-Touchdowns an de Running Back Carlos Hyde ass fir 116 Yards an 1 Touchdown gelaf.
San Francisco 49ers - Los Angeles Rams 20:7
D'49ers bleiwe weider ongeschloen. E Sonndeg konnte si sech géint d’Los Angeles Rams mat 20:7 duerchsetzen. Den Jimmy Garoppolo huet de Ball fir 243 Yards gepasst an huet eng Interception geheit. Säi Géigeniwwer, den Jared Goff koum nëmmen op 78 Passing Yards, ee richtegt Debakel fir de jonke Quarterback. De Rams ass et iwwerdeems och déi komplett Partie net eng eenzeg Kéier gelongen, een 3. oder 4. Versuch an een 1. ëmzewandelen.
Atlanta Falcons - Arizona Cardinals 33:34
Souwuel de Matt Ryan wéi och de Kyler Murray hunn de Weekend ee richteg staarke Match gewisen. De Matt Ryan koum op 356 Yards a 4 Touchdown-Päss, de Rookie Kyler Murray op 340 Yards an 3 Touchdown-Päss. An der éischter Hallschent waren d’Cardinals kloer besser a louche schonns 13 Punkten am Avantage, ier d’Flacons awer nach eemol zeréckkomm sinn. Um Enn vun der Partie sinn d’Cardinals nees a Féierung gaangen, mä d’Falcons konnten ee weideren Touchdown maachen, allerdéngs huet de Kicker Matt Bryant den Extrpunkt net eragemaach, esou dass d’Falcons op 1 Punkt verléieren.
New York Giants - New England Patriots 14:35
Carolina Panthers - Tampa Bay Buccaneers 37:26
Cincinnatti Bengals - Baltimore Raven 17:23
Houston Texans - Kansas City Chiefs 31:24
Washington Redskins - Miami Dolphins 17:16
Seattle Seahawks - Cleveland Browns 32:28
New Orleans Saints - Jacksonville Jaguars 13:6
Philadelphia Eagles - Minnesota Vikings 20:38
San Francisco 49ers - Los Angeles Rams 20:7
Atlanta Falcons - Arizona Cardinals 33:34
Dallas Cowboys - New York Jets 22:24
Tennesse Titans - Denver Broncos 0:16
Pittsburgh Steelers - Los Angeles Chargers 24:17