Lëtzebuerger Futtballer am AuslandThill wënnt mat Baku, Moris verléiert mat Saint-Gilloise

RTL Lëtzebuerg
Och an dëser Woch, wou a ville Länner Coupe gespillt gëtt, sinn d'Lëtzebuerger Nationalspiller an hire Veräiner am Asaz.
© AFP

An der Coupe am Aserbaidjan gouf et fir de Vincent Thill mat Sabah Baku eng 4:3-Victoire auswäerts bei Qarabag Agdam. Baku war fréi 2:0 a Féierung, ma Qarabag koum an der 30. Minutt zeréck. No der Paus huet de Belfodil nees den Ecart vun 2 Goler hiergestallt, ma véier Minutte méi spéit war d’Heemekipp erëm do. An der 69. Minutt war et nees de Belfodil, dëst Kéier vum Punkt, fir nees op 2 Goler eropzeschrauwen. E Selbstgol vum Hadhouid an der 74. Minutt huet d’Partie nees spannend gemaach, et sollt awer näischt méi geschéien. De Vincent Thill gouf an der 82. Minutt ausgewiesselt.

Mëttwoch

An der Bundesliga stoung de Leandro Barreiro déi 90 Minutten iwwer beim 1:1 tëscht senge Mainzer an Union Berlin um Terrain. An der Nospillzäit vun der éischter Hallschent (45'+8) war Mainz duerch de Burkhardt a Féierung gaangen, ma de Gosens huet seng Faarwen an der 13. Spillminutt vun dëser Nospillzäit zeréckbruecht. An der zweeter Hallschent si keng Goler méi gefall.

Den Anthony Moris huet mat Union Saint-Gilloise 2:1 beim FC Bruges verluer. De Lëtzebuerger Golkipp huet an der 12. an an der 47. Minutt no Goler vun Skov Olsen an Jutgla missten hannert sech gräifen. De Machida hat an der Nospillzäit d’Partie nach kuerz interessant gemaach. De Retourmatch vun der Halleffinall an der Coupe ass den 28. Februar.

Dënschdeg

Den Ogawa hat d’Haushären no enger Virlag vum Chery schonn an der zweeter Minutt a Féierung bruecht. An der 61. Minutt huet de Proper dunn den 2:0 markéiert an an der 67. Minutt war et den Chery, deen no senger Virlag och nach selwer getraff, a fir d’Schlussresultat gesuergt huet. De Lëtzebuerger Nationalspiller Yvandro Borges Sanches gouf an der 71. Minutt fir de Sontje Hansen agewiesselt

An der éischter ungarescher Liga verléiert Ujpest doheem mat 1:2 géint Debrecen. Ujpest huet no enger Rouder Kaart an der 59. Minutt an Ënnerzuel musse spillen. Ma d’Goler falen trotzdeem eréischt spéit am Match. An der 78. Minutt bréngt den Domingues d’Gäscht a Féierung. Dëse suergt och an der drëtter Minutt vun der Nospillzäit fir den 0:2. Den Haushäre geléngt an der aachter Minutt vun der Nospillzäit duerch en Eelefmeter nach den Uschloss. De véierfache Lëtzebuerger Nationalspiller Tim Hall souz bei Ujpest op der Bänk, ass awer net zum Asaz komm.

Back to Top
CIM LOGO