Lëtzebuerger BasketnationalekippThomas Grün gouf positiv op de Coronavirus getest

RTL Lëtzebuerg
Schlecht Nouvelle fir d'Lëtzebuerger Basketnationalekipp vun den Hären.
© Ant Deister

Den Thomas Grün ass positiv op de Covid-19 getest ginn a wäert deemno net mat an de Kosovo fléien.

Basketnationalekipp/Reportage Jeff Kettenmeyer

De Profi vun Tréier war virum leschte Match an der zweeter Bundesliga getest ginn, d’Partie vun Tréier hat wéinst der grousser Unzuel u positive Fäll och missten ofgesot ginn.

D’Ekipp vum Nationaltrainer Ken Diederich spillt den 18. an 20. Februar déi lescht zwee Pre-Qualifikatiounsmatcher fir d’WM 2023 géint de Kosovo an Island.

Béid Matcher ginn zu Pristina an enger sougenannter “Boule” gespillt an där d’Ekippe just ënnert sech sinn.

Back to Top
CIM LOGO