
Et handelt sech heibäi ëm déi héchsten zivil Auszeechnung vun den USA.
Wärend der Zeremonie huet den Donald Trump den Tiger Woods fir säin decisive Wëllen, ëmmer ze gewannen, gelueft. Domat géif den Ausnamesportler fir den amerikanesche Geescht stoen, Obstakelen ze iwwerwannen an no ëmmer méi Groussem ze striewen.