
Am finnesche Kontiolahti huet sech op der Poursuite iwwer 10 Kilometer bei den Dammen d’Tiril Eckhoff duerchgesat. D’Norwegerin koum mat 15.9 Sekonne virum Dorothea Wierer un, d’Denise Herrmann huet de Podium op der drëtter Plaz komplettéiert.
Bei den Häre gouf et méi spéit am Sprint iwwer 10 Kilometer eng Victoire fir de Quentin Fillon Maillet. De Fransous huet sech mat engem Virsprong vun 18.30 Sekonnen virum Filip Fjeid Andersen aus Norwegen behaapt. De Johannes Kühn aus Däitschland huet sech déi drëtt Plaz geséchert.