Weltcupfinall am BiathlonTiril Eckhoff wënnt leschte Sprint vun der Saison

RTL Lëtzebuerg
Zu Oslo um Holmenkollen huet sech d'Norwegerin virum Lisa Theresa Hauser an dem Marte Olsbu Röiseland behaapt.
© AFP (Archiv)

Zu Oslo an Norwegen sinn de Weekend déi lescht Coursse vun dëser Saison am Biathlon-Weltcup. E Freideg huet sech d’Tiril Eckhoff d’Victoire am Sprint geséchert. Fir d’Norwegerin, déi ee Feeler geschoss huet, ass et déi 28. Victoire am Weltcup. Si huet sech och déi kleng Kristallkugel vun der beschter Sprinterin geséchert.

Op déi 2. Plaz ass e Freideg d’Éisträicherin Lisa Theresa Hauser komm (0 / +7,0 Sekonnen). Um Podium stoung nach d’Norwegerin Marte Olsbu Röiseland (1 / +9,4 Sekonnen).

Bei den Häre gouf et och eng norwegesch Victoire an dat duerch de Sturla Holm Laegreid. Duerch zwee feelerfräi Schéisse war kee Kraut kéint de 25 Joer ale Lokalmatador gewuess. Déi 2. Plaz ass un de Fransous Quentin Fillon Maillet (0 / +22,4 Sekonnen) gaangen, dee sech nom Gesamtweltcup och déi kleng Kugel am Sprint geséchert huet. Drëtten um Podium war de Sebastian Samuelsson aus Schweden (0 / +39,5 Sekonnen).

Back to Top
CIM LOGO