Indoor-Championnat am TennisTitele fir Erna Brdarevic a Charles Berna

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg goufen am nationalen Tennis Center zu Esch déi nei Indoorer-Championen mëttelt.
© FLT

Spannend war et. Dëst souwuel bei den Damme wéi bei den Hären. Jeeweils iwwert 3 Sätz hunn déi nei Indoor-Landesmeeschter musse kämpfen ier d’Entscheedungen iwwert den Titel gefall sinn.

An der Dammefinall stoungen d’Qualifikantin Mila Savic vun der Schéiss an d’Erna Brdarevic vum TC Nordstad. Den 1. Saz konnt d’Qualifikantin mat 7:5 fir sech entscheeden, dono awer war et d’Spillerin aus der Nordstad déi d’Sätz 2 an 3 mat 6:1 a 6:3 gewanne konnt an esou ass den Titel dann och un déi jonk Erna Brdarevic gaangen.

Bei den Häre konnt sech de Spora Spiller Charles Berna de Championstitel sécheren. Dat no engem haart ëmkämpften 2:6, 6:4 a 7:6 géint de Gilles Kremer.

Um Internetsite vun der FLT fannt Dir all Detailer vum Championnat.

© FLT

Back to Top
CIM LOGO