Offiziell PresentatiounTom Habscheid a Katrin Kohl si bei de Paralympics zu Paräis mat dobäi

RTL Lëtzebuerg
De Paralympesche Kommitee Lëtzebuerg huet d'Delegatioun virgestallt, déi op d'Paralympics zu Paräis wäert fueren.
Qualifizéiert fir Paralympics sinn den Tom Habscheid an d'Katrin Kohl
De paralympesche Kommitee Lëtzebuerg huet Delegatioun virgestallt déi op d’Paralympics zu Paräis
wäert fueren.

Den Tom Habscheid an d’Katrin Kohl hu sech fir dëst grousst Evenement qualifizéiert.

En Donneschdeg, am Kader vum Bob Bertemes senger Abschidsfeier vum Héichleeschtungssport, huet den Tom Habscheid seng aktuell exzellent Form demonstréiert. Bei 14 Meter a 94 Zentimeter ass d’Bomm gelant- 16 Zentimeter vu sengem eegene Weltrekord ewech, dat an der sougenannter Kategorie F63 . Dat ass d’Resultat vun haardem Training.

Fir den Tom Habscheid ass et déi 3. Participatioun u Paralympesche Spiller.

Am Géigesaz zum Tom Habscheid war et dem Karin Kohl net gelongen, sech iwwer den direkte Wee ze qualifizéieren. No kuerzer Iwwerleeung huet déi 28 Joer al Athleetin dunn déi sougenannt Wildcard, déi Lëtzebuerg ze gutt hat, ugeholl. No dëser Decisioun ass d’Trainingingsintensitéit nach eng Kéier no uewe geschrauft ginn.

Mam Marc Schreiner als President un der Spëtzt, de fréiere Champion am Bouschéissen, kämpfen déi physesch behënnert Sportler onermiddlech, fir de Stellewäert vun hire Sportaarten ze erhéijen. Déi Paralympesch Spiller zu Paräis kéinten e weidere Schratt an déi gewënscht Richtung bedeiten.

PDF: Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO