HandballTommy Wirtz zitt no der Saison e Schlussstréch ënnert seng Karriär

RTL Lëtzebuerg
Mat 31 Joer wäert den Handballspiller no der Saison seng Prioritéiten anescht leeën.
© Val Wagner

Den Tommy Wirtz zitt um Enn vun der Saison e Schlussstréch ënnert seng Karriär. Wéi d’Kolleege vum Tageblatt gemellt hunn an de fréiere Kapitän vun der Lëtzebuerger Handballnationalekipp eis och confirméiert huet, ginn elo mat 31 Joer seng Prioritéiten anerer. De Spiller vun Diddeleng war vun 2019 bis 2022 an Däitschland an der zweeter an drëtter Bundesliga als Profi ënnerwee.

De studéierte Schoulmeeschter, dee virun allem ëmmer lénks Band gespillt huet, gouf och beim HBD forméiert an ass d’nächst Woch Invité an eisem Podcast “Drëtt Hallschent de Sporttalk”.

Back to Top
CIM LOGO