FuttballToni Luisi fir eng länger Zäit verletzt
Wéi d'Jeunesse op Facebook matgedeelt huet, huet den Toni Luisi sech am Testmatch géint Eintracht Tréier un den Aussebänner vum Knéi verletzt.
En IRM soll elo weisen, ob et sech bei der Verletzung ëm eng Iwwerdeenung handelt, oder awer ëm e Rass, wat den Escher Stiermer nach méi laang ausfale loosse géif.