Schlecht Noriichte fir d'JeunesseToni Luisi muss 8 Woche laang Paus maachen

RTL Lëtzebuerg
D'Jeunesse Esch muss 8 Woche laang op hiren Top-Spiller Toni Luisi verzichten, dat huet den Escher Veräin en Dënschdeg bekannt ginn.
© Val Wagner

An engem Facebook-Post heescht et, de Luisi hätt sech e Rass am Ausseband zougezunn an dës hätt och Auswierkungen op d’Schank. Knapp 8 Woche misst de Lëtzebuerger elo pausen. Eenzeg gutt Nouvelle fir d’Jeunesse: eng Operatioun ass net néideg.

Den Toni Luisi hat sech an engem Match géint Eintracht Tréier blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO