80 Leefer a Leeferinnen aus aller Welt hunn an der Nuecht vun e Freideg ob e Samschdeg den Depart vum 8. Ultra Trail am Mëllerdall geholl. Depart an Arrivée ware bei der Hierenger Millen. Kuerz no Mëtternuecht goung et lass an et stounge ganzer 111 Kilometer fir si um Programm. Ma an der Nuecht, bei kalen Temperaturen, sech duerch déi kleng lëtzebuergesch Schwäiz ze kämpfen ass net ëmmer sou einfach.
Un der Spëtzt vun der Course louche laang den Toni Veigas an de Bo Hakan Nilsson, de Gewënner vun 2022, deen awer no Mokrämp d’Kompetitioun huet misse verloossen. An der Zäit vun 11:18:55 konnt sech den Toni Veigas dunn bei der Hierenger Millen feiere loossen. No der 2. Plaz zejoert bei der 75km-Course konnt den Athlet vum CAB dëst Joer d’Victoire iwwert déi längst Distanz realiséieren. Zweete gouf de Sloween Boris Suselj virum zweete Lëtzebuerger Chris Reckinger.

Éischt Damm op den 111 Kilometer gouf d’Shefi Xhaferaj an enger Zäit vun 13:10:48. Si hat eng Avance vun iwwer annerhallwer Stonn op d’Yvonne Kohler.

D’Organisateure ronderëm de Marc an d’Simone Kayser haten nieft dem Ultra Trail dräi weider Distanzen (75, 35 an 21 Kilometer) ugebueden, soudass eng ronn 700 Athleten déi herrlech Natur vum Mëllerdall am Lafen entdeckt hunn. Dat huet och vill auslännesch Leefer ugelackelt.