Coupe de France am ÄishockeyTornado Lëtzebuerg verléiert mat 1:7 géint eng staark Ekipp vu Roanne

RTL Lëtzebuerg
Domadder ass d'Coupe fir den Tornado schonn am éischten Tour eriwwer.
© Val Wagner / RTL

Den Tornado verléiert am éischten Tour vun der Coupe de France géint eng ganz staark Ekipp vu Roanne mat 1:7 op eegenem Äis.

Den Tornado, deen dëst Joer fir d’éischte Kéier an der Geschicht vum Club an der 2. franséischer Divisioun untrëtt, hat mat Roanne ee vun de Géigner aus dem Championnat als Géigner.

Duerch dës Néierlag ass d’Coupe fir Tornado schonn am éischten Tour eriwwer. D’Ekipp spillt e Sonndeg säin nächste Virbereedungsmatch zu Zweebrécken, éier et dann den nächsten Weekend op Rouen geet, dat fir den éischte Championnatsmatch an der D2.

Back to Top
CIM LOGO