
Toronto huet d’Final-Serie um Enn mat 4-2 gewonnen. Fir d’Raptors ass et den éischte Championstitel an hirer 24 Joer laanger Teamgeschicht. Et ass och déi éischte Kéier an der Geschicht vun der nordamerikanescher Profiliga, dass eng Ekipp aus Kanada Champion an der NBA gëtt.
