
De Belsch wëll sech enger neier Erausfuerderung stellen, esou heescht et. Wou et fir hien higeet, ass awer nach net gewosst. Ee méiglechen Nofolger soll jo de Ken Diederich sinn, obwuel ee gesot huet, dass eréischt no der Saison eng Decisioun fale soll.
RTL-News: Ken Diederich Trainer vum T71? Decisioun eréischt no der Saison Fir de Pascal Meurs ass d’Aventure T71 Diddeleng awer nach net ganz eriwwer. Well hien ass mat der Ekipp aus der Forge du Sud nach am Rennen ëm den Titel am Championnat. Aktuell steet een do an der Véierelsfinall, wou si et mat der Sparta vu Bartreng ze di kréien.