Roland GarrosTsitsipas a Medvedev eliminéiert, Swiatek eng Ronn weider

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg goufen déi lescht Aachtelsfinalle bei den Dammen an den Häre gespillt.
© AFP

Hären

An der Véierelsfinall kënnt et zum ganz groussen Highlight. Do wäerte sech nämlech den Novak Djokovic an de Rafael Nadal géigeniwwer stoen. Iwwerdeems d’Nummer 1 vun der Welt bis elo kaum Krämpes hat a senge Matcher, stoung den Nadal an der Aachtelsfinall kuerz virum Out, huet sech schlussendlech awer mat 3:6, 6:3, 6:2, 3:6 a 6:3 géint de Felix Auger-Aliassime duerchgesat.

Och an der zweeter Véierelsfinall kënnegt sech e spektakuläert Duell un. Do kënnt et nämlech zum Duell tëscht dem Alexander Zverev an dem Carlos Alcaraz. Den Zverev gëllt als grousst Talent an huet sech schonn an der Weltspëtzt etabléiert, ma den 19 Joer jonken Alcaraz ass an de leschte Woche wuel de beschten Tennisspiller weltwäit gewiescht.

Keng gréisser Problemer hat an der Aachtelsfinall de Casper Ruud mam Hubert Hurkacz. Hien huet sech a 4 Sätz mat 6:2, 6:3, 3:6 a 6:3 duerchgesat. An de Véierelsfinalle kritt hien et awer net wéi erwaart mam Griich Stefanos Tsitsipas ze dinn. D’Nummer 4 op der Welt huet nämlech e bëssen iwwerraschend géint de jonken Dän Holger Rune verluer an dat a 4 Sätz mat 5:7, 6:3, 3:6 a 4:6. Domadder ass de Finalist vun zejoert eliminéiert.

An der leschter Véierelsfinall kritt et den Andrey Rublev mam Marin Cilic ze dinn. De Rublev huet a sengem Match dovunner profitéiert, datt de Jannik Sinner am drëtte Saz opginn huet. De Marin Cilic huet sengersäits fir eng déck Iwwerraschung gesuergt. De Kroat huet sech kloer an 3 Sätz mat 6:2, 6:3 a 6:2 géint d’Nummer 2 op der Welt Daniil Medvedev behaapt. De US-Open-Gewënner vun 2014 huet dem Russ guer keng Chance gelooss an duerch eng staark spilleresch Leeschtung mat kaum Feeler verdéngt gewonnen.

D’Véierelsfinallen am Iwwerbléck:

Novak Djokovic (1) - Rafael Nadal (5)

Alexander Zverev (3) - Carlos Alcaraz (6)

Casper Ruud (8) - Holger Rune

Andrey Rublev (7) - Marin Cilic (20)

Dammen

D’Nummer 1 op der Welt bei den Dammen, d’Iga Swiatek, steet an de Véierelsfinalle vun de French Open. Nodeems si den éischte Saz géint d’Chinesin Qinwen Zheng am Tiebreak mat 5:7 verluer huet, huet d’Polin duerno de Match an d’Hand geholl an hirer Konkurrentin guer keng Chance méi gelooss. D’Sätz 2 an 3 si kloer mat 6:0 a 6:2 u si gaangen. An der nächster Ronn kritt d’Swiatek et elo mam Jessica Pegula ze dinn. D’US-Amerikanerin huet sech an dräi Sätz mat 4:6, 6:2 a 6:3 géint d’Rumänin Irina-Camelia Begu duerchgesat.

Mam Veronika Kudermetova an dem Daria Kasatkina sti sech an der zweeter Véierelsfinall zwou 25 Joer al Russinne géigeniwwer. D’Kudermetova huet ënnert anerem d’Paula Badosa an d’Madison Keys eliminéiert, iwwerdeems d’Kasatkina sech an der Aachtelsfinall kloer an däitlech géint d’Italienerin Camila Giorgi behaapte konnt.

Iwwerraschend huet et och d’Martina Trevisan an d’Ronn vun de beschten 8 gepackt. D’Italienerin steet an der Weltranglëscht op der 59. Plaz an hat bis an d’Véierelsfinall net dee schwéiersten Tableau erwëscht. Elo kritt si et awer mat der 19 Joer jonker Kanadierin Leylah Fernandez ze dinn, déi mam Belinda Bencic an dem Amanda Anisimova zwou ganz formstaark Spillerinnen eliminéiere konnt.

An der leschter Véierelsfinall gëtt et e reng US-amerikanescht Duell, wou d’Cori Gauff an d’Sloane Stephens géinteneen untriede mussen. Virun allem mam Sloane Stephens hat een an der Ronn vun de leschten 8 net onbedéngt gerechent.

D’Véierelsfinallen am Iwwerbléck:

Iga Swiatek (1) - Jessica Pegula (11)

Veronika Kudermetova (29) - Daria Kasatkina (20)

Martina Trevisan - Leylah Fernandez (17)

Cori Gauff (18) - Sloane Stephens

Back to Top
CIM LOGO