Et war eng relativ turbulent Wanterpaus, wéi et se virdru warscheinlech nach ni gouf. Sou munch grouss national wéi och international Wiessel goufen annoncéiert, déi u sech Spannung fir d’Réckronn verspriechen.
Hierschtchampion gouf den FC Déifferdeng 03. Dat 4 Punkte virum F91 Diddeleng a 5 Punkte virum Swift Hesper. Hannen of stinn op den direkten Ofstigsplazen déi zwee Escher Veräiner, d’Jeunesse an d’Fola, déi sech an der Réckronn nach virum Gang an d’Éierepromotioun wëlle retten.
Op de Barrageplaze leien Käerjeng a Schëffleng. Béid Ekippe hu sech am Wanter personell verstäerkt. Vun Hesper wiesselt de Ken Corral no 10 Joer zeréck op den Dribbel. En Tick méi spektakulär ass de Wiessel vum Nabil Dirar op Schëffleng. De 37 Joer jonke Marokkaner huet virdrun ënner anerem fir Fenerbahce, Bruges an och Monaco gespillt. De Mëttelfeldspiller konnt souwuel an der Belsch wéi och a Frankräich de Championstitel feieren.
E Veräin, dee sech och mat engem international erfuerene Spiller verstäerkt huet, ass de Progrès Nidderkuer. De Jonathan Schmid, bekannt duerch seng Statiounen ënner anerem zu Hoffenheim, Augsburg a Freiburg an der däitscher Bundesliga, huet fir annerhalleft Joer bei de giel-schwaarzen ënnerschriwwen. Hie kënnt op ganzer 299 Matcher an der éischter däitscher Liga. D’Ekipp vum Jeff Strasser wäert an der Réckronn probéieren, nach eng Kéier vir unzegräifen. Momentan steet de Progrès mat 2 Punkte Retard op Hesper op der 4 Plaz an der Tabell.
Fir d’Ekipp vum Holleschbierg ass d’Hironn sécherlech net esou gelaf, wéi ee sech dat erwaart huet. Nom Trainerwiessel vum Carlos Fangueiro op de Roland Vrabec wëll een am zweeten Tour vum Championnat besser Resultater opweise wéi an der Hironn. Säi Virgänger huet viru ronn zwou Woche beim portugiseschen Zweeligist Leixoes SC ënnerschriwwen. Am Wanter huet sech de Swift awer nach eng Kéier prominent verstäerkt, an zwar mam Raphel Holzhauser. Den 30 Joer alen Éisträicher ass aus der éischter belscher Liga vu Louvain op den Holleschbierg gewiesselt an huet virdrun ënner aneren fir Augsburg, Stuttgart an 1860 München gespillt. Donieft huet hien och zwee Lännermatcher fir säi Land um Kont stoen.
Och zu Diddeleng gouf et am Wanter een Changement op der Trainerbänk. Nom Ofgang vum Jay Shoffner an déi zweet belscht Liga op Ostende iwwerhëlt de Claudio Lambardelli d’Responsabilitéit an der Forge du Sud. De fréieren Nationalspiller a virdru Co-Trainer vum Jay Shoffner wäert mat senger Ekipp probéieren, ee Wiertchen ëm de Championstitel matzeschwätzen.
Bescht Butteur an der Hironn war de Mierscher Kapitän Benny Bresch, dat mat 14 Goler a 15 Matcher. Ee Golgetter huet elo viru Kuerzem och de Veräin gewiesselt - den Arthur Abreu. De Stiermer wiesselt vu Péiteng bei den Tabelleleader Déifferdeng. Donieft gouf och den fréiere Spiller vun ënner anerem Austria Wien a Sturm Graz Christian Schoissengeyr ënner Kontrakt geholl.
Déi grouss Froen, déi sech virum Optakt an d’Réckronn stellen: Geléngt dem FC Déifferdeng 03 deen éischte Championstitel zanter der Fusioun am Joer 2003? A wéi een Impakt kënnen déi international renomméiert Transferten op d’BGL-Ligue hunn?
D’Réckronn an der BGL Ligue kënnt Dir bei eis am Stream an der RTL Live Arena an am Liveticker suivéieren.