
De Fury war iwwer Joren dee beschten Boxer am Schwéiergewiicht, bis hien 2024 zweemol géint den Ukrainer Oleksandr Usyk verluer huet. Dës si seng eenzeg Néierlagen a 37 Kämpf. 2015 hat de Fury déi éischte Kéier esou richteg vu sech schwätze gedoen, nodeems hien de Wladimir Klitschko geklappt hat, deen do virdrun 11 Joer ongeschloen war.