Internationale FuttballUdinese schockt Juventus, Chelsea klappt Crystal Palace

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg ass nach a verschiddene Spëtzeligaen de Ball gerullt.
© AFP

Premier League

Crystal Palace - FC Chelsea 1:3
1:0 Lerma (30'), 1:1 Gallagher (47'), 1:2 Gallagher (90'+1), 1:3 Fernandez (90'+4)

Chrystal Palace sollt am Duell mam FC Chelsea a Féierung goen an och laang mathalen. Hu si no ronn enger hallwer Stonn den éischte Gol vun der Partie markéiert, sollt d’Chelsea direkt nom Säitewiessel ausgläichen. Dono huet et bis an d’Nopsillzäit gedauert, bis déi Londoner d’Partie dréine konnten a sech eng Victoire erausgespillt hunn.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Juventus Turin - Udinese Calcio 0:1
0:1 Giannetti (25')

Dës Néierlage war bei der aler Damm bestëmmt net ageplangt. Udinese ass ee Gol duergaangen, fir zu Turin ze gewannen. Mat dësem Punkteverloscht verléiert Juventus e bëssen den Uschloss op Inter Mailand a kënnt och net wierklech vum AC Mailand fort. Udinese dogéint hëlt wichteg Punkten am Ofstigskampf.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

La Liga

UD Almeria - Athletic Bilbao 0:0

D’Gäscht ware statistesch gesinn an alle Kategorien déi besser Ekipp, konnten dorausser awer net wierklech Profit schloen a musse sech esou mat engem Punkt zefridde ginn.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO