BasketUS Hiefenech gewënnt mat 93:72 géint d'AS Zolwer

RTL Lëtzebuerg
Am Playdown bei den Hären ka sech d'US Hiefenech um Enn däitlech mat 21 Punkte Virsprong géint d'AS Zolwer duerchsetzen.
© Guy Seyler

Den 1. Véierel war komplett ausgeglach an et stoung do no 10 Minutten 20:20.

Am 2. Véierel huet d’Zolwer e bëssen opgedréint a sech en 8-Punkte-Virsprong konnten erausspillen. Domat stoung et an der Halbzeit 40-48, zu Gonschte vun Zolwer.

Am 3. Véierel huet Hiefenech sech awer nees erkritt a sou richteg opgedréint. Si decidéieren dee Véierel ganz kloer fir sech mat 30:15, wouduerch et no 30 Minutten 70-63 fir Hiefenech stoung!

Zolwer huet et net gepackt fir de Match nach emol spannend ze maachen. Si briechen am leschte Véierel komplett an, sou dass Hiefenech sech iwwert eng kloer 93:72 Victoire freeë kann.

Beschte Marquer bei Hiefenech war den Faronte Devon Drakefort mat 22 Punkten. Och bei de Rebounds war hie mat 13 Stéck de beschte Mann um Terrain, woubäi nach 4 Assists a senger Statistik dobäi kommen.

Hiefenech behält domat gutt Chancë fir an d’Total League opzesteigen.

© Guy Seyler

Resultater an Tabell

Back to Top
CIM LOGO