Äiskonschtleeferin am Eenzel dobäiValieva dierf trotz Doppingverdacht starten

RTL Lëtzebuerg
Dat huet dat internationaalt Sportsgeriicht CAS trotz dem positiven Doppingtest entscheet.
© AFP

Déi russesch Äiskonschtleeferin Kamila Valieva dierf an der Eenzelkompetitioun bei den Olympesche Wanterspiller un den Depart goen an domadder ëm hir zweet Goldmedail zu Peking lafen. D’Sportriichter vum CAS hunn zugonschte vun der 15 Joer aler Russin entscheet - a géint den IOC an d’WADA. De “Fall” Valieva ass domadder awer nach net ofgeschloss. Si leeft elo nämlech ënner Virbehalt.
D’Fro vum Dopping selwer ass domat nämlech nach net gekläert. Laut de Reegele vun der Welt-Anti-Dopping-Agence kann d’Athletin elo froen, dass d’B-Prouf och getest gëtt. Ob d’Valieva dat gemaach huet, ass awer net bekannt.

D’Eenzelkompetitioun fänkt en Dënschdeg mam Kuerzprogramm un. D’Russin soll um 21.52 Auer (14.52 MEZ) op d’Äis goen. Déi 15 Joer jonk Kamila Valieva gëllt als Ausnametalent an hirer Sportart.

Positiven Test schonn am Dezember

D’Suspendéierung vum Valieva no engem positiven Doppingtest op déi verbuede Substanz Trimetazidin de 25. Dezember 2021 war zu Peking vun der russescher Anti-Dopping-Agence RUSADA opgehuewe ginn. Den IOC an d’WADA ware géint déi Decisioun an Appell gaangen. D’Resultat vun der Doppingprouf war eréischt den 8. Februar ukomm, een Dag no der russescher Victoire an der Team-Kompetitioun. Coronafäll am Labo zu Stockholm sollen d’Auswäertung verzögert hunn.

Ob Russland d’Team-Gold behalen däerf, wäert genau wéi méiglech weider perséinlech Konsequenze fir d’Valieva eréischt zu engem méi spéiden Zäitpunkt decidéiert ginn, warscheinlech eréischt no hirem Retour aus China. “Dat ass een Dilemma an deem mir all stiechen”, sou den IOC-Spriecher Mark Adams. Hannert de Russen hate sech d’USA, Japan a Kanada plazéiert.

Back to Top
CIM LOGO