Indoor Meeting zu MetzVan der Weken erhofft sech gutt Placéierung, Grethen gesäit sech op Weltniveau

Tom Hoffmann
Franky Hippert
De Weekend steet an der Liichtathletik en internationale Meeting um Programm. 250 Athleten aus 30 Länner sinn ageschriwwen, dorënner eng Rei Lëtzebuerger.
Indoor Meeting zu Metz
De Weekend steet an der Liichtathletik en internationale Meeting um Programm. 250 Athleten aus 30 Länner sinn ageschriwwen, dorënner eng Rei Lëtzebuerger.

Ënnert anerem wäert de Mëttelstrecke-Leefer Charel Grethen iwwer 1.500 Meter un den Depart goen an och d’Sprinterin Patrizia Van der Weken ass ageschriwwen. An déi zwee waren an deene leschte Wochen net nëmme fir nei Rekorder Responsabel, mee hu sech och fir d’Indoor-WM, déi am Mäerz organiséiert gëtt, qualifizéiert.

Eleng d’Patrizia Van der Weken huet de Landesrekord iwwer 60 Meter direkt 4 Mol verbessert, deen elo bei 7 Sekonnen a 26 Honnertstel steet. Dëse Leeschtungssprong kënnt awer net vun ongeféier. Zanter 2 Joer gëtt nämlech bei der Sprinterin un der Technik an un der Kraaft geschafft.

“E Sprint ass och vill Technik, och wann een dat op deen éischte Bléck net esou gesäit. Ech sinn immens frou, dass dat elo endlech geklappt huet. Et ass scho frustrant, wann en Athlet vill trainéiert, mee keng Resultater gesäit.”

D’Form passt deemno, dowéinst gëtt beim Indoor Meeting zu Metz och eng gutt Placéierung uviséiert.

“Ech gi schonn zouversiichtlech op de Meeting a wëll eng gutt Plaz maachen. Ech hoffen e korrekte Chrono lafen ze kënnen an ech versichen och Spaass un der ganzer Saach ze hunn an da klappt dat schonn.”

Fir den Charel Grethen sinn et dëse Weekend déi éischt 1.500 Meter zanter gutt 4 Méint. Dowéinst konzentréiert hie sech, anescht wéi beim Patritzia Van der Weken, den Ament nëmmen op seng perséinlech Leeschtung.

“Preparatioun ass gutt gelaf. Ech war viru Kuerzem nach an Südafrika, wou ech an der Héicht trainéiert hunn. Ech géif soen, dass ech alles klappt fir meng Rentrée.”

Virun zwou Wochen eréischt, huet de Charel Grethen beim Regio-Meeting an der Coque, den 39 Joer ale Lëtzebuerger Indoor Rekord vum Justin Gloden iwwer 3.000 Meter pulveriséiert.

“Jo do war ech och super zefridde mat menger éischter Course, wou ech mäi Rekord an deem vum Justin Gloden ëm 18 Sekonne verbessert hunn, dat versprécht fir d’Zukunft.”Den 29 Joer alen Athlet vum CSL huet an de leschte Wochen virun allem seng Ausdauer weider verbessert:

“Dat weist, datt ech elo och op Weltniveau op den 3.000 Meter ka lafen, well ech mech jo fir d’WM qualifizéiert hunn.”

Op den Olympesche Summerspiller zu Tokyo hat de Charel Grethen mat der Final an do schliisslech enger 12. Plaz grouss opgetrompt. Dunn ass de Lëtzebuerger Sportler vum Joer am September nach Courssen iwwer 1.500 Meter gelaf. Lo ass et beim internationale Meeting zu Metz dann de Retour op där Distanz:

“An dofir ass emol wichteg, fir an déi Course eranzekommen. Mäin Haaptzil ass awer eréischt d’Halen-Weltmeeschterschaft an engem Mount zu Belgrad a Serbien.”

A wéi d’Lëtzebuerger Athlete sech bei dësem Meeting aus der Affär zéien, gesitt Dir e Samschdeg vu 15.45 Auer u live op RTL.lu.

Back to Top
CIM LOGO