
Elo huet d‘Verbandsgeriicht tranchéiert: Den Trainer vun der Walfer Ekipp gouf fir 10 Matcher gespaart. Den Zolwer Spiller, deen de géignereschen Trainer soll mam Fouss an de Réck gestouss hunn, krut eng Spär vun aacht Matcher.
De Papp vum Jong, dee keng Lizenz bei der FLBB huet, gouf fir fënnef Joer gespaart. Hie soll als Offiziellen, dem Trainer vu Walfer, eng mat der Fauscht an d‘Gesiicht geschloen hunn.
Situatioun no Basket-Jugendmatch eskaléiert: Walfer Coach no Match zesummegeschloen, Zolwer schreift vun net reellen Aussoen
FLBB verurteelt Tëschefall op U14-Match: Zolwer reagéiert no Gewalt-Virworf: Walfer Coach huet Spiller “aggresséiert”