TennisVictoire a Goldmedail fir den Novak Djokovic

RTL Lëtzebuerg
An der Partie tëscht de Spiller, déi op Nummer 1 an 2 gesat waren, huet de Carlos Alcaraz géint den Novak Djokovic verluer.
© AFP

D’Goldmedail geet deemno u Serbien, nodeems den Novak Djokovic eng enorm héichklasseg an equilibréiert Finall mat 7:6 a 7:6 fir sech entscheet huet. Et ass déi éischt Goldmedail bei olympesche Spiller fir den Djokovic.

An engem equilibréierten 1. Saz hu sech béid Spiller eng helle Wull u Breakchancen erausgespillt. Weder den Alcaraz nach den Djokovic konnten déi awer notzen. Et ass an den Tie Break gaangen, deen den Djokovic mat 7:3 fir sech entscheede konnt.

Am 2. Saz huet de Serb liicht méi staark gewierkt, huet et awer net fäerdeg bruecht, dem Spuenier de Service ofzehuelen. Genee wéi am 1. Saz ass et hin an hir gaangen a béid Spiller hunn hire Service ëmmer duerchbruecht. Et ass also eng weider Kéier an den Tie Break gaangen. Dee goung mat 7:2 un den Djokovic.

Um Samschdeg hat sech de Lorenzo Musetti d’Bronzemedail geséchert. Den Italieener hat géint de Felix Auger-Aliassime aus Kanada an 3 Sätz mat 6:4, 1:6 a 6:3 gewonnen.

Am Dubbel bei den Damme gouf et eng Bronzemedail fir Spuenien. D’Koppel Bucsa/Sorribes Tormo huet d’Partie géint den Duo Muchova/Noskova mat 6:2 a 6:2 fir sech entscheet.

D’Finall am Dammendubbel gouf réischt um Sonndeg Owend gespillt. Do hunn d’Italieenerinne Paolini/Errani an 3 Sätz 2:6, 6:1 an 10:7 géint déi neutral Athletinnen Andreeva/Shnaider gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO