Biathlon-WeltcupVictoire am Sprint fir d'Tiril Eckhoff

RTL Lëtzebuerg
Mat engem Feeler an zwee Schéissen huet sech d'Norwegerin e Freideg d'Victoire am Sprint iwwer 7,5 Kilometer zu Annecy geséchert.

D’Biathlon-Damme sinn e Freideg zu Annecy an de Weltcup a Frankräich gestart. Déi éischt Victoire huet sech d’Tiril Eckhoff am Sprint geséchert. D’Norwegerin hat trotz engem Schéissfeeler no de 7,5 Kilometer ee Virsprong vu 6 Sekonnen op d’Franséisin Justine Braisaz, si war ouni Feeler bliwwen. Um Podium stoung nach d’Tschechin Marketa Davidova. Si hat déi 10 Scheiwe getraff an hat e Retard vun 20 Sekonnen.

Back to Top
CIM LOGO