Schi AlpinVictoire fir de Beat Feuz zu Beaver Creek

RTL Lëtzebuerg
Een Dag no der Victoire vum Marco Odermatt am Super-G war de Beat Feuz an der Descente dee Beschten.
© AFP

Dëse Weekend sinn am Schi Alpin d’Hären an den USA am Asaz. E Samschdeg stoung zu Beaver Creek eng Descente um Programm. De Schwäizer Beat Feuz konnt sech hei duerchsetzen. Op déi 2. Plaz sinn den Éisträicher Vincent Kriechmayr an de Fransous Johan Clarey gefuer. Si haten e Réckstand vun 41 Honnertstel.

D’Damme sinn aktuell zu Lake Louis a Kanada am Asaz. No der Victoire vum Ester Ledecka e Freideg den Owend huet d’Éisträicherin Nicole Schmidhofer e Samschdeg den Owend éi zweet Descente gewonnen. Si huet sech mat engem Virsprong vun 13 Honnertstel virun der US-Amerikanerin Mikaela Shiffrin duerchgesat. Mat engem Réckstand vun 43 Honnertstel ass d’Italienerin Francesca Marsaglia op déi 3. Plaz gefuer.

D’Gewënnerin vum Dag virdrun, Ester Ledecka, ass déi 4. ginn an hat e Réckstand vu 45 Honnertstel.

Back to Top
CIM LOGO