32. Deulux Laf zu LaserVictoirë fir de Charel Grethen an d'Anny Wolter
E Samschdeg ware beim Deulux-Laf zu Laser am Ganzen 2.160 Leeferinnen a Leefer um Depart.
Victoirë beim Deulux-Laf fir de Charel Grethen an d'Anny Wolter
E Samschdeg ware beim Deulux-Laf zu Laser am Ganzen 2.160 Leeferinnen a Leefer um Depart.
No 10 Kilometer gouf et bei den Hären eng Victoire vum Charel Grethen, deen no 29:39 Minutten iwwer d’Arrivée gelaf ass. Mat engem neien Espoir-Rekord vun 29:45 Minutte gëtt de Vivien Henz deen Zweeten. Drëtte gëtt mat engem Chrono vun 30:16 Minutten de Lennart Zehfeld.
Bei den Dammen konnt d’Anny Wolter sech no 36:08 Minutten déi éischt Plaz virum Zsanett Moczo (36:26) an dem Saskia Daguenet (36:48) sécheren.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
LINK: Hei fannt Dir d’Resultater.