Lëtzebuerger Futtballer am AuslandVictoire fir den Anthony Moris mat Union Saint-Gilloise

RTL Lëtzebuerg
De Raphael Duarte steet mat Elversberg an der 2. däitscher Bundesliga no 17. Spilldeeg op der 9. Plaz
© AFP (ARCHIV)

Den Anthony Moris gewënnt an der 1. Liga an der Belsch mat Saint-Gilloise 1:0 géint Mechelen a steet an der Tabell weider op der 1. Plaz, mat elo 9 Punkte Virsprong op Anderlecht, mat awer engem Match méi gespillt. Den Anthony Moris stoung wéi gewinnt 90 Minutten am Gol.

A Polen huet de Sébastien Thill mat Rzeszow 0:2 géint Tychy verluer. De Offensivspiller stoung 90 Minutten um Terrain a krut an der 69. Minutt déi Giel Kaart gewisen. Rzeszow steet an der Tabell op der 12. Plaz.

An der zweeter däitscher Bundesliga huet den SV Elversberg, mam Lëtzebuerger Co-Trainer Raphael Duarte, 2:3 zu Karlsruhe de Kierzeren gezun. Den Opsteiger steet no 17. Spilldeeg op der 9. Plaz an der Tabell. Nächste Match ass no der Wanterpaus den 20. Januar géint Hannover.

An och fir den Danel Sinani ass elo Paus. Beim enttäuschendem 1:1 vu Pauli géint Wehen Wiesbaden souz de Lëtzebuerger wuel nees op der Bänk, ass awer net zum Asaz komm. Pauli steet aktuell op der zweeter Plaz, 2 Punkten hannert Holstein Kiel.

De Mathias Olesen stoung am Match tëscht Freiburg a Köln beim FC net am Kader. De Match huet Köln mat 0:2 zu Freiburg verluer. Den Detail vum Match fannt dir hei.

An der zweeter Belscher Liga huet den Alessio Curci, deen an der 80. Minutt agewiesselt gouf, mat Francs Borains doheem mat 1:3 géint Beerschot verluer. Francs Borains steet an der Tabell domat op der leschter Plaz.

Samschdeg

Waldhof Mannheim huet doheem mat 3:0 géint Aue gewonnen. De Laurent Jans stoung de ganze Match um Terrain. Mannheim bleift zwar op enger Ofstigsplaz, réckelt awer méi no un Halle op der 16. Plaz erun.

An der 1. Bundesliga huet Mainz 0:1 géint Heidenheim verluer. De Leandro Barreiro war wéinst enger Muskelverletzung am Uewerschenkel net am Kader.

De Maxime Chanot huet mat Ajaccio an der Ligue 2 a Frankräich 0:2 zu Auxerre de Kierzere gezunn. Den Ofwierspiller stoung vun Ufank un um Terrain krut an der Nospillzäit vun der 1. Hallschent déi giel-rout Kaart gewisen. An der Tabell läit Ajaccio op der 7. Plaz mat 27 Punkten. An der selwechter Liga gouf et en 0:0-Remis tëschent Bastia a Quevilly. De Florian Bohnert huet de Match bei der Heemekipp duerchgespillt.

An Ungarn gouf et fir Ujpest eng 0:4-Defaite zu Kisvarda. Den Tim Hall souz de ganze Match op der Bänk.

Freideg

An der Bundesliga an Däitschland war den Yvandro Borges mat Borussia Mönchengladbach am Asaz. No 90 Minutte stoung et am Match géint Bremen 2:2. De Lëtzebuerger Nationalspiller ass an der 90. Minutt agewiesselt ginn.

An der Premier League am Aserbaidjan huet Sabah Baku mam Vincent Thill auswäerts géint Araz mat 0:2 verluer. De Lëtzebuerger krut an der 70. Minutt déi giel Kaart gewisen a gouf an der 71. Minutt ausgewiesselt.

Back to Top
CIM LOGO