
Zu Kvitfjell konnt sech hei den Italiener Dominik Paris mat enger spektakulärer Descente d’Victoire sécheren. Mat enger Zäit vun 1:43,92 Minutte war hie 55 Honnertstel méi séier wéi de norwegesche Lokalmatador Aleksander Aamodt Kilde. Déi drëtt Plaz deele sech di zwee Schwäizer Beat Feuz an Niels Hintermann, dat mat engem Retard vun 81 Honnertstel.
Bei den Damme war et iwwerraschend d’Fransousin Romane Miradoli, déi mat enger Zäit vun 1:19,87 hiren éischte Weltcup-Succès feiere konnt. D’US-Amerikanerin Mikaela Shiffrin ass iwwerdeems mat engem Retard vun 38 Honnertstel op déi zweete Plaz gefuer, wärend et fir d’Lara Gut-Behrami mat 88 Honnertstel Retard nach duergaangen ass, fir de Podium ze komplettéieren.