
D’Sparta ka sech do mat 88 op 75 géint de Basket Esch duerchsetzen, d’Etzella klappt den T71 Diddeleng mat 94 op 84, dobäi louchen déi Diddelenger an der Paus nach vir, an d’Amicale vu Steesel ka sech mat 77 op 54 géint de Racing behaapten.
Esch verpasst et domat, e weidere Schrëtt Richtung Halleffinallen ze maachen ... well hanner der Etzella, déi jo ewell duerch ass, ass et elo zimlech enk ...
Basket: de Playoff bei den Hären.
Am Play-Down verléiert Zolwer doheem 90:99 géint Hesper an Hiefenech wënnt knapp mat 83 op 80 géint d’Fiels.
Ee geckege Match gouf et um Samschdeg tëscht de Musel Pikes an der Residence Walfer. Musel Pikes ware kuerz viru Schluss mat dräi Punkte vir, ma de Gaascht vu Walfer sollt sech awer nach duerch een Dräier an d’Verlängerung retten. Do konnte si um Enn mat 104:100 de Succès kloermaachen. Donieft hunn nach d’Kordall Steelers mat 90 op 124 géint Contern verluer.
FOTOGALERIE: Andréck vum Match Kordall Steelers-Contern vum Maya a Robert Straus Basket: de Playdown bei den Hären.
Bei den Damme wënnt Steesel 72 op 58 géint d’Musel-Pikes an Diddeleng klappt Conter mat 70 op 57.
Basket: De Playoff bei den Dammen.
E Samschdeg war et dann nach d’Ausernanersetzung tëscht dem Gréngewald an der Etzella. Dëst Partie konnt d’Lokalformatioun mat 69:66 fir sech entscheeden.
FOTOGALERIE: Andréck Maya a Robert Straus vum Match Etzella - T71