Trail zu MierschVictoirë fir François Reding a Moczo Zsanett
RTL Lëtzebuerg
Ronn 350 Leefer hu sech e Samschdeg beim Mierscher Aquazenter op de Wee gemaach, fir pittoresk Ecker aus dem Dall vun de 7 Schlässer z'entdecken.
Update: 04.12.2025 10:00
Francois Reding a Moczo Zanett wannen den Trail zu Miersch
Ronn 350 Leefer hu sech e Samschdeg beim Mierscher Aquazenter op de Wee gemaach, fir pittoresk Ecker aus dem Dall vun de 7 Schlässer z’entdecken.
2 Distanze goufe beim Trail zu Miersch ugebueden: 12,5 km an 18 km. Iwwert déi laang Distanz hu sech de Belsch François Reding an d’Ungarin Moczo Zsanett d’Victoirë geséchert.