
Den Titelverdeedeger Manchester City huet sech mat 3:1 zu Kopenhagen duerchgesat a sech domadder an eng gutt Ausgangspositioun fir de Retourmatch bruecht. D’Englänner waren dominant a hu verdéngt d’Iwwerhand behalen, och wa Kopenhagen gutt dogéint gehalen huet.
Real Madrid huet zu Leipzig knapp mat 1:0 gewonnen, hat awer däitlech méi Krämpes. Leipzig hat iwwer de ganze Match gesinn déi besser Chancen, konnt sech awer fir eng gutt Leeschtung net belounen.
Béid Favoritten hunn e wichtege Schrëtt um Wee an déi nächst Ronn gemaach.
0:1 Brahim Diaz (49')
Zu Leipzig huet d’Partie direkt mat vill Tempo ugefaangen. No engem Corner fir Leipzig huet de Sesko de Ball an de Filet gekäppt. Den Henrichs stoung awer am Abseits, soudass de Gol net gezielt huet. Op der anerer Säit huet den Openda e geféierleche Kappball vum Tchouameni ofgewiert. D’Heemekipp huet sech awer net verstoppt an hat an der 10. Minutt déi nächst gutt Geleeënheet. Den Olmo huet de Sesko an de Strofraum geschéckt, deen ass awer um Lunin am Gol vum Real hänke bliwwen. Real huet vill Feelpass am Spillopbau fabrizéiert, Leipzig konnt vun de séiere Ballgewënn awer net profitéieren. An der Suite gouf et weider méi kleng Méiglechkeeten op béide Säiten an et war eng flott Partie fir d’Spectateuren. An de leschte 15 Minutte virun der Paus sollt awer net méi vill passéieren an d’Säite si mat engem 0:0 gewiesselt ginn.
Obwuel Leipzig besser aus de Kabinne koum huet de Brahim Diaz no engem flotte Solo den 1:0 markéiert.
Leipzig huet de Kapp awer net hänke gelooss an hätt zwou Minutte méi spéit missen ausgläichen. Den Olmo huet awer net placéiert genuch ofgeschloss, soudass de Lunin paréiere konnt. D’Heemekipp huet weider alles ginn, war awer net präzis an de Ofschlëss. Real huet just nach dat Néidegst gemaach, stoung hanne kompakt an huet op Kontere gelauert. An der 71. Minutt goung dem Vinicius säi Schoss op de Potto. Eng Véierelsstonn viru Schluss huet Leipzig mat engem dräifache Wiessel probéiert, den Drock op Real héich ze halen. D’Ekipp vum Marco Rose konnt sech ëmmer nees schéin no vir kombinéieren, de leschte Ball ass awer net ukomm. An der 80. Minutt hätt souwuel de Xavi wéi och de Sesko missen ausgläichen, de Lunin huet awer zweemol eng gutt Parad gewisen. An der hektescher Schlussphas ass et just nach a Richtung vum spuenesche Gol gaangen. Real huet dem Drock awer Stand gehalen a sech um Enn mat 1:0 duerchgesat.
0:1 De Bruyne (10'), 1:1 Mattsson (34'), 1:2 Bernardo Silva (45+1'), 1:3 Foden (90+3')
Am zweete Match war de Favorit vun der Insel an den éischten 30 Minutten déi kloer dominant Ekipp um Terrain. Vun Ufank un ass Kopenhagen kaum aus der eegener Hallschent rauskomm a gouf vun den Englänner ganz fréi ënner Drock gesat. An der 10. Minutt huet den De Bruyne den éischte Gol fir Manchester City markéiert. D’Gäscht hu weider fréi gestéiert a sech Chancen erausgespillt. Den eenzege Virworf, deen een der Ekipp vum Pep Guardiola konnt maachen ass, datt se net op 2:0 erhéicht huet. No der hallwer Stonn ass d’Heemekipp besser an de Match komm an huet mam éischte Schoss op de Gol ausgeglach. No engem Feeler vum Ederson gouf dem Elyounoussi säi Schoss nach geblockt, mee de Mattsson huet de Ball am Filet ënnerbruecht. Den Titelverdeedeger war elo veronséchert an huet de Fuedem verluer. Kuerz virun der Paus ass de Favorit awer nees a Féierung gaangen. No engem ofgefälschte Ball stoung de Bernardo eleng virum Golkipp an huet de Ball eragesat.
Nom Téi war de Match däitlech méi ausgeglach an et goufe manner geféierlech Aktioune viru béide Goler. Op Säite vu Manchester City hat den De Bruyne déi bescht Chance, säi Schoss gouf awer paréiert. D’Englänner hunn de Match geréiert a Kopenhagen koum net entscheedend virun de Gol. An der Nospillzäit huet de Foden op 3:1 erhéicht an domadder Dier fir an déi nächst Ronn fir Manchester City wäit opgemaach.
Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.