
Bei den Dammen ass d’Victoria Rausch an de Serien eng national Beschtzäit vun 8 Sekonnen an 21 Honnertstel gelaf. Domadder bleift d’Leeferin 2 Honnertstel ënnert hirem eegene Lëtzebuerger Rekord a verpasst d’Indoor-WM-Norm just ëm 5 Honnertstel. An der Finall ass d’Lëtzebuergerin déi 3. ginn.
Och de François Grailet huet den ale Landesrekord iwwer 60 Meter Hecken, deen hie selwer opgestallt hat, mat enger Zäit vu 7 Sekonnen an 73 Honnertstel an der Finall geknackt a mat dëser Zäit andeems den Titel gewonnen. Dem Leefer feelt elo just nach 1 Honnertstel, fir op d’WM-Norm ze kommen.