
Bei dëser 16. Editioun ass mam Tom Habscheid och e Lëtzebuerger mat dobäi. Dem Bommstousser seng Kompetitioun ass fir e Samschden, de 4. September, programméiert. An der Liichtathletik gouf et iwwert déi lescht Deeg awer schonn eng Rei nei Weltrekorder.
Den Norweger Salum Ageze Kashafali huet an der T52-Finall iwwer 100 Meter d’Goldmedail gewonnen. Mat 10 Sekonnen an 43 Honnertstel war hien net nëmmen de Séiersten, mee huet och en neie Weltrekord realiséiert. Hie verbessert dem Ier Jason Smity seng Zäit aus dem Joer 2012 ëm 3 Honnertstel. Sëlwer krut den Amerikaner Noah Malone an d’Bronzemedail war fir de Ramon Tarasov vum Russesche Paralympesche Comité.
Am F20-Kugelstousse bei de Frae koum et zu enger Premiere. Béid Schwësteren, Poleth Mendez an Anais Mendez, hunn déi éischt Medaile fir den Ecuador gewonnen. D’Anais Mendez huet mat 14,06 Meter eng nei Beschtleeschtung opgestallt a koum op déi drëtte Plaz. Hir Schwëster huet et besser gemaach a mam leschte Versuch mat 14 Meter 39 en neie Weltrekord opgestallt. Sëlwer goung un d’Ukrain.
D’T52-Finall iwwer 400 Meter bei de Männer war net nëmme spannend, mee och richteg knapp. Et huet alles no engem Succès fir den Anthiwat Paeng aus Thailand ausgesinn, bis den Amerikaner Daniel Romanchuk op deene leschte Meteren nach eng Schëpp dropgeluecht huet, fir um Enn ganz knapp virum Thailänner iwwer de wäisse Stréch ze fueren. Mat 45 Sekonnen an 72 Honnertstel huet den Amerikaner och en neie Weltrekord iwwert déi Distanz opgestallt. D’Bronzemedail huet de Yungiang Dai aus China gewonnen.
Bei de Frae war et an der F34-Finall am Spär eng kloer Saach fir d’Chinesin Lijuan Zoe. Mat 22 Meter 28 egaléiert si hire Weltrekord aus dem Joer 2018. China steet och am Medailespigel mat 117 Medailen kloer op Plaz 1.