Schi-Alpin-WeltcupVincent Kriechmayr wënnt chaotesche Super-G

RTL Lëtzebuerg
Niwwel, Schnéi a Reen: Iwwer dräi Stonnen huet e Freideg de Super-G zu Gröden an Italien gedauert.
© AFP

D’Bedingunge waren e Freideg alles anescht wéi einfach beim Super-G zu Gröden an Italien. Op der verkierzter Streck ass de Vincent Kriechmayr am beschten eens ginn an huet sech d’Victoire geséchert. Den Éisträicher hat um Enn e Virsprong vu 5 Honnertstel op den Norweger Kjetil Jansrud an 22 Honnertstel op den Däitschen Thomas Dreßen.

D’Course huet sech am Ganzen iwwer 3 Stonne gezunn. Wéinst Niwwel a well et geschneit huet, hat d’Course ëmmer nees missen ënnerbrach ginn.

Back to Top
CIM LOGO