
Am Schi Alpin goufen en Donneschdeg déi zwee lescht Super-G vun der Saison zu Courchevel a Frankräich gefuer. Bei den Hären huet den Éisträicher Vincent Kriechmayr gewonnen. Um Podium stoungen och nach déi zwee Schwäizer Marco Odermatt an Gino Caviezel.
Bei den Damme gouf et eng Victoire fir d’Norwegerin Ragnhild Mowickel virum Mikaela Shiffrin aus den USA an der Schwäizerin Michelle Gisin.