Para-AthletismusVize-Weltmeeschter Tom Habscheid am Portrait

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger war den 10. November fir seng vill Aarbecht belount ginn an dat mat enger Sëlwermedail op der WM zu Dubai.
E Portrait vum Tom Habscheid
De Lëtzebuerger war den 10. November fir seng vill Aarbecht belount ginn an dat mat enger Sëlwermedail op der WM zu Dubai.

20 Stonnen haarden Training an der Woch an 2 Stonne Kiné wéinst der eesäiteger Belaaschtung vum Kierper. D’Ustrengungen hu sech fir den Tom Habscheid gelount, eng Sëlwermedail op der Weltmeeschterschaft zu Dubai ass d’Belounung.

Nieft dem Vize-Weltmeeschtertitel, koum och nach e Weltrekord a senger Kategorie derbäi, a virun allem d’Qualifikatioun fir d’Paralympics zu Tokio, déi mat der 2. Plaz en definitive Charakter krut.

De Papp vun 2 Kanner konnt feststellen dass et zu Dubai een Olympiastëtzpunkt fir d’Paralympics-Athlete gëtt. Och zu Lëtzebuerg ass d’Unerkennung an d’Ënnerstëtzung mat den exzellente Resultater geklommen.

Nach 8 Méint haarden Training, an da steet Tokio virun der Dier.

Back to Top
CIM LOGO