95 vun de genotzten Infrastrukture goufe guer net extra fir d’Olympesch Spiller zu Paräis gebaut oder se waren temporär. Vill Kompetitioune waren op Plazen am Kär vun der franséischer Haaptstad, also integréiert an déi historesch Architektur.
D’olympescht Duerf wäert sech no de Spiller an e Quartier mat Wunnengen, zum Deel fir Studenten, Büroen a Schoule verwandelen. De Site ass esou grouss wéi 70 Futtballsterrainen. 6.000 Leit sollen an Zukunft hei wunnen, genee souvill schaffen. An dës Verwandlung war vun Ufank un esou geplangt.

Zéng Kilometer vum olympeschen Duerf ewech steet d’Paris la Défense Arena. Et ass déi gréisst Indoor-Arena fir Spektakelen an Europa. Dës riseg Hal huet eng reegelrecht Metamorphos matgemaach, dat fir d’Schwammkompetitiounen an d’Finall am Waasserball. Et goufen zwou temporär Schwämmen installéiert. Normalerweis sinn hei Concerte fir bis zu 14.000 Leit. No de Spiller plënneren d’Basengen a Stied ronderëm Paräis. Do bleiwe se dann och, well se ginn dréngend gebraucht. Am Departement Seine-Saint-Denis ka bei de Kanner vun eelef Joer all zweet Kand net schwammen.
Et wäerten also verschidde Jugendlecher an deene Basenge schwammen, an deenen déi lescht zwou Wochen déi grouss Athleeten hir Längte gezunn hunn. Dat kéint deen een oder anere motivéieren.

Wéi vill Olympia wäert hänke bleiwen, wäert sech eréischt no de Spiller weisen. Mä et gouf sech am Virfeld Gedanke gemaach, datt d’Spiller esou vill wéi méiglech positiv Spueren hannerloosse wäerten.

LINK: Klickt Iech duerch d’Fotogalerië vun den Olympesche Spiller