Europameeschterschaft zu IstanbulWeider Medaile fir Lëtzebuerg bei der EM am Bänkdrécken

RTL Lëtzebuerg
De Weekend ass d'EM am Bänkdrécken zu Istanbul an der Tierkei op en Enn gaangen.
© PWF

Um leschten Dag vun der EM am Bänkdrécken huet sech d’Ankie Timers den Titel an der -84kg Open Klass geséchert. Am éischte Versuch huet si sech am equipped Bänkdrécken direkt d’Goldmedail mat 190kg geséchert. Op déi 2. Plaz kënnt d’Schweedin Sofia Kamlund mat 165kg. Drëtt gëtt d’Finnin Tiina Voho mat 145kg.

Duerno ass d’Ankie Timmers op déi 2. Plaz an der Wäertung vun alle Gewiichtsklasse mat IPF a GL Punkte komm. Gewonnen huet d’Polin Zuzanna Kula.

Insgesamt hunn d’Sportlerinne vum Lëtzebuerger Verband PWFL bei der EM dräi Europameeschtertitelen, ee Vizeeuropameeschtertitel an eng fënneft an eng zweet Plaz an der Gesamtwäertung vun de Fraen an der Open Kategorie gewonnen.

© PWF

Back to Top
CIM LOGO