
D’Basketekipp huet de Weekend zu Frankfurt zwee Mol géint d’Lokalformatioun gewonnen. Den éischte Match mat 59 op 33 an den zweete 57 op 47.
Domadder bleiwen d’Lux Rollers no 6 Victoiren hannerteneen Tabelleleader vun der Regionalliga. De 5. Februar kënnt et am Rehazenter zum Duell tëscht den ongeschloene Lux Rollers an dem Tabellenzweeten Heidelberg.