America's Cup am SeegelenWeidere Succès fir Neiséiland

RTL Lëtzebuerg
Beim America‘s Cup am Seegelen gouf et e Succès fir Neiséiland.
Neiséiland gewënnt op en Neits den America's Cup a schreift Geschicht.
Neiséiland gewënnt op en Neits den America’s Cup a schreift Geschicht.
© AFP

Déi aacht Mann staark Crew, mam Skipper Peter Burling, huet sech zu Barcelona géint Groussbritannien duerchgesat. Et ass den drëtte Succès hannertenee fir Neiséiland.

Den America‘s Cup, deen et zanter 1870 gëtt, ass déi eelste Seegelregatta op der Welt a gëtt all véier Joer organiséiert.

En anere grousse Rendez-vous am Seegelen, ass nach dëst Joer. Den10. November ass den Depart vum Vendée Globe. Bei deem geet et ouni Escale ronderëm d’Welt an Skippere sinn ouni Ekipp ënnerwee.

Back to Top
CIM LOGO