
De President vum Veräin aus dem Norden, de Pitt Hetting huet eis an engem Mail den Historique vum Wiessel vun enger vun hire Profispillerinne matgedeelt. De Wëltzer Basket hätt zanter dem 2. Januar probéiert, eng Lizenz fir d’Profispillerin Mariesa Greene ze kréien, déi nach d’lescht Saison zu Steesel gespillt hat. D’FLBB hat dat awer refuséiert.
Wolz ass virun d’Verbandsgeriicht gaangen. Déi Sëtzung war de 24. Januar, also virun 10 Deeg. E Méindeg de Moien um 8 Auer, een Dag nodeems Wolz an der Halleffinall vun der Coupe des Dames gespillt a verluer hat, krut de Club aus dem Norden d’Uerteel vum Verbandsgeriicht matgedeelt, datt de Veräin Recht krut an d’Mariesa Greene spillberechtegt gewiescht wär.