LiichtathletikYonas Kinde a Jenny Gloden si Lëtzebuerger Champion am Cross Country

RTL Lëtzebuerg
Am nationale Cross Country waren de Weekend souwuel bei der Jugend wéi bei der Elite d'Meeschterschaften zu Diddeleng.
Yonas Kinde a Jenny Gloden si Lëtzebuerger Champion
Am nationale Cross Country waren de Weekend souwuel bei der Jugend wéi bei der Elite d’Meeschterschaften zu Diddeleng.

Bei den Häre ka sech de Yonas Kinde mat enger Avance vu 16 Sekonne virum Bob Bertemes an dem Pol Mellina (+ 24 Sekonnen) duerchsetzen.

Bei den Damme gouf et eng Victoire vum Jenny Gloden. D’Anny Wolter (+ 7 Sekonnen) an d’Sandra Lieners (+ 1 Minutt 35 Sekonnen) koumen op d’Plazen 2 an 3.

All d’Resultater fannt dir um Site vun der Liichtathletikfederatioun.

Back to Top
CIM LOGO